Skip to contentSkip to footer
Commune de Wiltz

Commune de Wiltz
Commune de Wiltz

Umellen

Transition Nord Meeting

Transition Nord Meeting

Start

07/11/2019 19:00

End

07/11/2019 21:00

Address

Ciné Café Prabbeli

8, Gruberbeerig, Wiltz

D'Weebeschreiwung uweisen

Informatiounen

Hallo :)
Kommt laanscht eis Moien soen! Mir sinn e Grupp vun Motivéierten déi sech fir Transitiouns-Projet'en an der Regioun Norden ansetzen.

Mir gesinn eis all 1. Donnechden am Mount tëscht 19h00 an 21h00 am Prabbeli.


Jiddereen deen interesséiert ass ass wëllkomm eis kennenléiren ze kommen, Iddi'en an Energie mattzebréngen, an virun allem mattzemaachen, well: all Hand hëlleft! :) Well plangen an diskutéiren oft ustrengend ka sinn, iessen mir ëmmer e klenge Maufel zesummen. Dobai ass jiddereen wëllkomm e klenge Snack mattzebréngen fir ze deelen :)

Fir sech eng Iddi ze maachen iwwert waat mir diskutéiren an ëmsetzen wëllen, hei en kuerzen Abléck:
- d'Entwécklung vun lokalen Gemeinschaftsgäert...
- Projet'en déi d'Kenneléiren an d'Zesummenkommen vun Mattmënschen förderen zB. e Sproochecafé, Workshops..
- d'Thema DYI, Upcycling an Repair-Café...
- an daat ass matt Sëcherheet nët alles.. :)

Wanns du dech och wëlls méi engagéiren fir datt an der Regioun Norden vum Land ëmmer méi, klenger oder gréisser, Projet'en kënnen gedroen ginn, fréen mir eis drop dech ze begéinen a matt dir am Geescht vun der Transitioun no viir ze schaffen!


Bis hoffentlech geschwënn,

Contact: transitionnord@cell.lu