Skip to contentSkip to footer
Commune de Wiltz

Commune de Wiltz
Commune de Wiltz

Umellen

Stoffwëndeltreff mat Bitzworkshop

Stoffwëndeltreff mat Bitzworkshop

Start

09/11/2019 14:00

End

09/11/2019 16:00

Address

Ciné Café Prabbeli

8, Gruberbeerig, Wiltz

D'Weebeschreiwung uweisen

Informatiounen

Mir treffen eis, Samschdes den 9.November 2019 ab 14.00 Auer an der Galerie vum Prabbeli zu Woltz, ob ee gemittleche Stoffwëndeltreff.

 

Ob dësem Treff hunn interesséiert Elteren, Elteren to be oder och scho begeeschtert Stoffwéckler d'Méiglechkeet sech zesumme mat mir (Anne vu GreenFox) als Stoffwëndelberoderin auszetauschen an alles ronderëm Stoffwëndelen & Co ze diskutéieren.
 

D'Sheila (vu Stoffis Lëtzebuerg) bitt eech als Workshop un, är eege Stoffslipeinlagen, Stoffbinden an/oder Oofschminkpads ze bitzen. Flott wier et wann dir är Bitzmaschinn matbrénge kënnt (wann dir eng hutt)!
 

Nieft dem Treff a Workshop ass och ee Verkafsstand do.
 

Dëse Stoffwëndeltreff mat Workshop ass GRATIS. Käschte géif just Material ufälle fir déi, déi um Workshop deelhuele wëllen.
 

Am Restaurant vum Prabbeli kritt dir eppes ze drénken.
 

Weg umellen. Mir freeën eis op eech!

Gsm: 691 81 40 33

E-mail: ros.an@hotmail.de

Facebook: GreenFox