3ème WEEK-END NATIONAL DE L’ARBITRAGE 2019


05 October 2019

Commune de Wiltz

Erstallt vum FC Wiltz 71

Léif Sportsfrënn,

Dëse Weekend steet besonnesch am Zeeche vun den Arbitteren, déi oft am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn an deenen hir heiandsdo onpopulär Decisiounen oft kritiséiert ginn, mol zu Recht, mol zu Onrecht.

De Sport brauch awer all seng Acteuren an zu deene gehéiren och d’Arbitter, déi sech Match fir Match de Kritike vun de Sportler, de Veräinsresponsablen an de Spectateure stellen an op eng neutral Manéier derfir suergen, dass e Match sou gerecht wéi méiglech iwwert d’Bühn ka goën.

Sëcher ass keen perfekt, mä grad sou sécher ass et dat déi massiv ongerechtfäerdegt an oniwwerluechten Aussoen de Problem vum Arbitrage bestänneg wuesse loossen.

Gitt den Arbiteren déi nämmlecht fair Chance wéi all anneren Acteur se kritt.

Gitt de jonke Schiidsrichter a Schiidsrichterinnen d'Chance fir sech zu engem routinéierte Spillleeder ze entwéckelen.

Nëmme wann och hinne mat Respekt an Akzeptanz fir hir Missioun begéint gëtt, kënne mir den Oflaf vum Spillprogramm weider oprecht erhalen an de Lëtzebuerger Sport esou op eng konstruktiv Manéier weider bréngen.

Dësen  3. Weekend de l’Arbitrage steet ganz ënnert dem Zeeche vun dréi Schlagwierder: Respekt, Rekrutement a Fidelisatioun besonnesch och vun de jonke Schiidsriichter.

An deene 5 Federatiounen gëtt et jeweils e groussen Manktem un Arbitteren; komm mir hëllefen alleguer zesummen, dass mer esou schnell wie méiglech genuch motivéiert Arbitter rekrutéieren an dass dem chronesche Manktem un Spillleeder endlech en Enn gesat gëtt.

D’Arbittere vum Basketball, Handball, Volleyball, Fussball an Deschtennis soen iech "Merci" fir är Ënnerstëtzung.

#wewantyou    #norefnogame


Den FC Wooltz 71 ënnerstëtzt des Actioun.
Gidd Arbitter !
Bei Interesse mëllt Eech op info@fcwiltz.com



flyer 2019, wanted arbitter.pdf