Coupe des Minimes -1/8 de Finale


05 March 2020

Commune de Wiltz

Erstallt vum FC Wiltz 71

Léif Supporter

Dësen Samsdig spillen eis Minimes (de Moment dat besten Paerd am Stall vum FC Wooltz 71 :-) ), um 16.30hrs um synt. Terrain zu Wegdichen 1/8 Finale an der Coupe des Minimes géint Union Réimech/Bous (Classe 4)
An der Coupe hun eis Minimes bis elo folgend Equipen elimineiert:
- Red Star Merl-Belair (Classe 2)
- Sporting Mertzig (Classe 3)

Eis Minimes dei am 1ten Tour vum Championnat an der Classe 4 souverän dei 1te gi sinn an elo am 2ten Tour an der Classe 3 spillen wëllen och an der Coupe nach weiderhin dobei sinn.

Kommt dofir ee Samsdig alleguer an de Pëtz an ënnerstëtzt eis Jongen a Meedercher.

Bis dann