Den Erny Hoffmann, de Bénévole par excellence, ass dout


14 May 2020

Commune de Wiltz

Erstallt vum FC Wiltz 71

E Méindig, den 11. Mee 2020, ass den Erny Hoffmann am Alter voa 74 Joer gestoorwen.

Wann et ee Bénévole hei zu Wooltz gouf, da war et den Erny. Him war keng Stonn ze fréi oder ze spéit, wann en ëm seng Mathëllef gefrot gouf. Den Erny konnt ni Nee soen. Fir hee war dat, wat heen als Bénévole an der Amicale voam Altersheem oder bei der Protection Civile oder bei den „Oeuvres Paroissiales“ geleest hott, eng Selbstverständlichkeet. Den Erny war ee ganz einfache Meensch, dee nik gäre gelooft gouf.

Datt d‘„Amicale Aneschbaach“ 26 Mol hannerteneen beim Geenzecorso mat engem Wol derbäi war, ass zu engem groussen Deel dem Erny ze verdanken. Och d‘„Oeuvre Saint Nicolas“ wäert heen immens vermëssen, nik nëmmen, well heen zanter 2013 den Housiker gespillt hott, mä och wéinst sengem Asaz am Virfeld voan der Kleeserchesfeier.

Den FC Wooltz 71 verléiert mam Erny säi Grillmeester. Sonndig fir Sonndig hott heen Thüringer a Mettwuerschte gegrillt a krut sou nik vill voan de Matcher matt. Mir, d‘Membere voam Weeltzer Foussballveräin, wäerten den Erny a bester Erënnerung behalen an drécken senger Fra Eliane a sengem Jung Michel eist déifstgefillte Bäileed aus.