Een groussen merci - Den FC Wooltz deen as rem do!!


22 April 2020

Commune de Wiltz

Erstallt vum FC Wiltz 71

Léif Frënn aus dem Comité, léiwen Staf, léif Spiller, léif Benevollen, léif Frënn vum FC Wooltz 71, léif Sponsoren,

an menger Funktioun als Präsident vum FC Wooltz 71 well ech Eech alleguer Merci soen fir är Aarbecht an deen letzten Joren. Duerch iech alleguerten hunn mir et gepackt eis grousst Ziel ze erreechen an dohin ze kommen wou mir hingeheiren, an BGL Ligue. Ouni Eech alleguerten wär dat nik méiglech gewiescht.

An dëser schwéierer Zäit wou den Sport nik un éischter Plaz steet, ass et awer sécher eng grouss Freed fir eis an eisen Club. Dir stoungt ëmmer hannert eis an eiser Equipe an mir hunn ëmmer drun gegleeft. Lo kennen mir eisen 50ten Anniversaire an der BGL Ligue feieren.

Ech well Eech alleguerten bieden, och eisen Sponsoren ze hëllefen, déi an dëser schwéierer Zäit op eis ugewisen sin, dofir kommt mir hëllefen och hinnen des Zäit ze packen an dono zesummen ze feieren.

Eis Feier, wäerten mir soubal et rëm méiglech ass, nohuelen.

An deem Sënn hoffen ech dat dir an är Famillen all gesond bléift.

Bis geschwënn

ären Prési