Enerstëtzt eis Sponsoren: Sidd loyal a kaaft lokal! Si sinn et och mat eis.
D’Basketsaison ass fréizäiteg eriwwer. Wierklech geplangt war dat net. Et ass och weder gutt, nach flott. Jidderengem beim BBC Les Sangliers Wooltz ass de Sport wichteg, mee et ginn och méi wichteg Saachen. Mir hunn eng sëllege Sponsoren déi d’Decisioun vun der Regierung, eng ganz Partie Butteker, Restauranten an aner Plazen zouzemaachen, haart treffe wäert.
Och wann een eis Sponsoren net ëmmer direkt an der Hal gesäit, ouni si géif de Club net kënne funktionnéieren. Si sinn e wichtege Bestanddeel vum weeltzer Basket an dem sportlechen Erfolleg deen aus dëser Zesummenaarbecht entstanen ass. Grad déi nächst Zäit géifen si sech sécherlech freeë wann der op hier Produiten & Servicer zeréckgräift sou gutt et nëmme geet.
Wann se de Moment zou sinn, hutt e bësse Gedold. Laaft net direkt bei d’Online-Alternative. Sidd net rose wann Är Bestellung oder Ufro net sou séier wéi soss beäntfert ka ginn. A wann är Wuer antrëfft, bezuelt se direkt an net eréischt no 2 Rappeler.
Wann der regelméisseg bei se akafe gitt, mellt iech per Mail bei hinnen: vläit kënnt der elo e Bong kafen fir spéider anzeléisen... an dir hëlleft hinnen grad elo vläit besser iwwert d’Ronnen ze kommen.
Wann der iech Iessen heem liwwere loosst, gitt e Stéck méi Drénkgeld wéi soss.
Iwwerall kann een hinnen e bëssen entgéint kommen.
Komm mir halen e Stéck méi zesumme wéi mer soss vläit schonns maachen.
Sidd loyal mat eise Sponsoren, si sinn et och mat eis.
BBC Les Sangliers Wooltz