Entrees-Tickets bei eisen Heemmatcher

Entrees-Tickets bei eisen Heemmatcher

Opgepasst!!! Werft är Entrées-Tickets net ewech, mee tauscht se an géint eng Réductioun vu 5€ bei ärem nächste Besuch am Restaurant "Beim Bertchen" zu Wuelëssen.

De Restaurant Beim Bertchen setzt säi Schwéierpunkt op regional Lëtzebuerger Fleesch vum Grill an op eng gutt traditionell Kichen a gëtt säit 2019, a sechster Generatioun vum Steve Martellini weider gefouert.

De Steve an seng Equipe freeën sech op äre Besuch.