FC Wooltz 71 vs Union Mertert-Wasserbëllig
10 May 2019
Erstallt vum FC Wiltz 71
Léif Frënn vum FC Wooltz 71.
Dësen Sonndig um 16.00 Auer spillen eis Jongen hiren lëschten Heemmatch vun der Saison 2018/2019 am Pëtz géint den iwwerraschenden 1/2 Finaliste vun der Coupe de Luxembourg.
Mer heeschen Spiller, de Staff an Supporter vun der US Mertert-Wasserbillig herzlich wëllkomm bei eis zu Wooltz.
Fir déi zwou Equippen ass Loft raus des Saison a grad dann kommen oft déi flottst Matcher derbäi raus.
Merci eisen treien Supporter déi trotz enger "Up and Down" Saison ëmmer zu eis gehalen hon.
An deem Sënn, bis e Sonndig am Pëtz