Mir brauchen iech


10 November 2022

Commune de Wiltz

Erstallt vum BBC Les Sangliers Wooltz

Léif Elteren, Léif Spiller, Léif Supporter,
D'Jugendcommissioun vum BBC les Sangliers Wooltz freet Är Ënnerstëtzung: bei all Match muss de Club mindestens 1 Responsablen fir op den Offiziellendësch stellen.
Mir bidden Eech eng Formatioun fir d‘Auer an den Digibou während engem Jugendmatch un! Mat Ärer Hëllef suergt Dir fir e flotten a gelongenen Oflaf vun eise Jugendmatcher!
 
Eis jonk Spiller soen Eech MERCI
 
Mellt Eech per E-mail bei de Responsablen vun der Jugendcommisioun: youth@sangliers.lu
oder pers sms op den Handynummer: +352 661 850 415 (Christine Schaack)