RENE Meyer - RIP


19 April 2020

Commune de Wiltz

Erstallt vum FC Wiltz 71

De leste Sonndig, op Ousteren, ass de René Meyer kuerz viroan sengem 77. Gebuertsdag gestoorwen.
De Meyer Rën war een treie Supporter voa Wooltz 71.
Bis 1971 hott hee fir Gold a Rout Wooltz gespillt. Am 1. Joer no der Fusioun hott heen der 1. Equipp vo Wooltz 71 oagehéiert.
Op der lester Foto voa Gold a Rout viroan der Fusioun gesi mer de Rën ganz rechts an der 1. Rei. 
De Rën hott d'Poussins voa Wooltz 71 voa 1982 bis 1985 trainéiert an d'Minimes an der Saison 1984-1985. Des Weideren hot heen joerelang Caisse an der Gétz gemeet.
Mir wäerten de Rën a bester Erënnerung behalen an drécken senger der Famill eist déifstgefillte Bäileed aus.