Schéinen Dag fir eis Jugend,


10 December 2019

Commune de Wiltz

Erstallt vum FC Wiltz 71

Nodeems sech en Samsdig moien eis Scolaires oam  Flf Lalux Futsal eng 3ten Platz, an domat den Repechage erkämpft hoan, an eis Pupilles sech mat der 1ter Platz direkt fir déi nächst Ronn qualifizéiert hoan, war et oan eisen Minimes sech an der Coupe des Minimes géint hir Alterskolleegen voan Mertzig no enger gudder 2ter Hallschent verdéngt mat 1-0 duerchzesetzen, an domat no Märel well déi zweet Equipe aus enger méi heicher Divisioun ze eliminéieren.

Kanner haten nick vill Zäit fir laang ze feieren well se ëm 4 Auer zesoammen mat all hiren Kolleegen aus dem Veräin nach een Rendez-vous mam Kleeschen an dem Housecker haten.

Em Punkt 4 Auer hoat den Präsident voan der Jugendkommissioun si all begréisst, den Sponsoren Merci gesot an mat hinnen zesoammen den „ léiwen Kleeschen “ gesongen. Kuerz drop koum den dann mat sengem schwoarzen Gesell op Bühn, hoat den Kanner fir hir Leeschtungen an der läster Saison gratuléiert an hinnen och verroden dass säin Kolleeg den Houseker eigentlich mei mat der Etzella géif halen, dëst hoat den bei eisen Spiller bestëmmt och nick mei sympathesch gemeet.

Wärend Bambinis an Pupilles mat groussen Aan an engem mulmigen Gefill op Bühn hir Titchen sichen gaangen sen hoat den Houseker fläisseg Rudden oan déi méi grouss an oan verschidden Trainer verdeelt. Equipe fir Equipe, Kand fir Kand ass beim Kleeschen passéiert, an hoan dono am Chalet newend der Bühn voam Manuela, Fatima an dem Chantal éen schéinen Trainingskostüm kritt.

Als läscht war eis Dammenequipe dann op der Bühn, do war den Houseker , aus wei engem Grond och ëmmer, am meeschten beschäftegt. Eng Rudd no der anerer hoat hien ausgedeelt.

Wärend den Zinniklos an säin Frënd sech op den Wee an Entrée voam Stadion gemeet hoan , fir all den Supporteren een kléngen Kleeschen ze iwwerreechen, hoan Kanner hir nei Kostümer oangedoen an sech op Tribüne gemeet fir eis éischt Equipe oanzefeieren.

Kuerz viiroan der Paus hoan si sech dann all bei hiren jeeweilegen Traineren versammelt fir zesoammen mat hinnen eng kléng Präsentatioun oam Terrain ze maan. Fir déi meescht voan hinnen war et ongewinnt fir op engem Terrain ze stoen an voan 600 Zuschauer bekuckt ze gin, ëmsou méi stolz waren si wei Lékt hinnen applaudéiert hoan.

Wei et eisen Spiller dono och nach gelongen ass fir Jeunesse sou oan Wand ze spillen hoat een gemierkt dass och Jugendspiller sech all virgeholl hoan sou eppes däerfen éenmol ze erleewen.

Vläicht ass den een oder aneren voan hinnen owes mikt an glécklech an Bett gefall an hoat nick méi gedreemt dass hen den Messi, Lewandowski oder Ronaldo wär, mä den Osmanovic, Biwer oder Verbist.


An dem Sënn: Eemol , Ëmmer FC WOOLTZ 71



Fotoen fann Dir an dems Dir op " Kleeschen " klickt



Text: Christian Lisch