Staark Phase 1 fir eis Fillettes


23 October 2022

Commune de Wiltz

Erstallt vum BBC Les Sangliers Wooltz

Eis Fillettes wannen hiere léschte Match aus der Phase 1 an der Fiels a bleiwen domadder ongeschloën an der 2. Divisioun op der 1.Plaz.
De Meedercher hier Géigner hunn hinnen et net ëmmer liicht gemat an elo waarden nach méi schwéier Erausfuerderungen op sie, déi hieren Equipegeescht op de Préifstand wärte stellen.
E grousse Merci geet ower un deser Plaz net nëmmen un eis Spillerinnen, mee och un hier Famillen, déi ganz staark hannert der Equipe stinn. Ouni sie stéinge mir elo net do wou mer sinn.
An dem Sënn...
We are THE NORTH oder wéi fréier emol gesot "One Family, one Passion".